Eis Käercher Musek ass 1903 an engem geschichtsträchtege Joer gegrënnt ginn. Dat selwecht Joer, wou och de 24. Juli d’Nei Bréck ageweit an den 11. Oktober op der Plëss d’Dicks-Lentz Monument ageseent gouf.
D’Iddi fir zu Käerch eng Musek ze grënnen, ass zimlech sécher an engem Café (Reitesch) entstanen an et hu sech direkt 60 interesséiert Männer gemellt. Déi hunn dunn awer net alleguer mat gemaach, an zwar aus finanzielle Grënn. D’Cotisatioun vun deemools war 10 Mark a pro Mount huet misse jiddereen 2 Mark bäisteieren fir den Dirigent ze bezuelen. Dat waren deemools vill Suen, déi net jiddereen einfach esou an der Boxentäsch hat, wann ee bedenkt, dass eng Mark 25 Sou waren, an ë gudden Aarbechter zu där Zäit 3 – 4 Frang den Dag verdéngt huet. Trotzdeem ass d’Saach an d’Rulle komm.
Den Edouard Moes vun Eischen huet dunn deene Käercher Musikanten an der Wiertsstuff bei Reitesch Solfège bäibruecht an huet 2 Frang pro Prouf verdéngt, souwéi ë Nuetiessen an de Moieskaffi. Déi éischt Instrumenter si mat Hëllef vun den Duerfleit ugeschaaft ginn, déi hinnen d’Juegdgeld vun dem Joer iwwerlooss hunn, an esou sinn déi éischt Käercher Musikanten zu 600 Frang koum fir Kofferinstrumenter unzeschafen. Déi éischt Prouwen waren op der Schock an der Schräinerei vum Schäinermisch (Schmit). D’Musikanten hunn dunn och Musekskape kritt – just Kapen, wëll ganz Uniformen konnt sech weder d’Musek, nach d’Musikante vun deemools leeschten. Dat éischt Stéck, wat d’Musek gespillt huet, war de Marsch „Par la Flandre“.
Ouni wëlle mat ze vill Detailer ze langweilen, hei just ë puer Datumer, déi fir dee neie Museksveräin sécherlech vu Bedeitung waren.
Scho 1904 krut d’Musek hiren éischte Fändel. Déi éischt Sortië aus dem Duerf eraus war 1905, wou d’Musek fir d’éischt mat der Pressioun an d’Stad gaangen ass.
Hiren éischte Concert huet d’Musek zu Guirsch an der Belsch gespillt. An dat war och direkt den éischten Ausfluch, wëll och wa Guirsch net wäit ass, war dat deemools net grad ë Kazespronk fir mat enger ganzer Mannschaft dohinner ze kommen. Si sinn ze Fouss op den Zuch gaangen fir bis op Huewel ze fueren an du vun do aus de Rescht erëm ze Fouss ze maachen. A bis op Guirsch geet et ganz géi de Bierg op! De Concert gouf am Schlasshaff vum Baron de Wyckersloth, deen deemools och Besëtzer vum Käercher Gréiveschlass war, gespillt an dem seng Famill d’Musek bis 1928 finanziell ënnerstëtzt huet.
1907 huet d’Musek déi éischte Kéier Theater gespillt an zwar am Sall vum Café Thill (Reitesch). Dës Traditioun ass bis an d’50er Joer bäibehale bliwwen a gehéiert haut zanter méi wéi 30 Joer erëm zum feste Programm bei eiser Musek. Ufangs huet d’Musek alt dräimol d’Joer gespillt, Chrëschtdag, d’Fuesent an Ouschteren.
1907 koum awer och schonn ë Réckschlag. Dunn ass en Deel vun de Musikanten ausgetrueden fir d’Käercher Pompjeeën ze grënnen.
1919 huet d’Musek „Op den Haisercher“ dat éischt Bëschfest am ganzen Ëmkrees ofgehalen. Dat selwecht Joer huet d’Musek och en éischte Subside vun der Gemeng kritt.
An deen éischten Hämmelsmarsch gouf 1921 gespillt . An der Kees waren deemools 788 Frang, dat sinn ëmgerechent 19,53 EURO, deemools eng deck Zomm Suen.
1928 gouf dat 25järegt Stëftungsfest gefeiert.
1933 huet d’Musek eng Bauplaz um Fockegaart kaaft an ëm d’Fuesent 1934 gouf de Grondsteen fir de Musekssall geluecht. Dat ass do wou haut de Gemengesall zu Käerch steet. De Sall gouf vun de Membere selwer gebaut an am Juni 1935 war d’Aweiung.
Vu 1940 – 1944 gouf wéinst dem Krich keng Musek gespillt. D’Instrumenter an de Fändel goufen vun eenzelen Musikante verstoppt. Wou de Krich eriwwer war, hunn sech direkt en etlech Musikanten zesumme fonnt fir d’Heemecht ze spillen. D’Musek war also nach um Liewen. Trotzdeem, den Opbau nom Krich war schwéier. Leider hat d’Musek ë ganze Koup vun hire Memberen duerch de Krich verluer. Just nëmmen 8 Mann hunn op Initiativ vun Hensels Tunn nei ugefaangen. Hien huet sech als Dirigent engagéiert an duerfir gesuergt, dass et mat der Musek weider gaangen ass.
Dat éischt Buergfest gouf 1952 ofgehalen a war du fir eng Rei vu Joren ë festen Deel vum Gesellschaftsliewen zu Käerch a wäit a breet bekannt.
De 50ten Anniversaire huet d’Käercher Musek 1953 ganz grouss zesumme mam Käercher Gesank (25 Joer) gefeiert.
1954 huet d’Musek d’éischte Kéier un engem Concours deelgeholl an huet mat enger Mentioun „Excellent“ ofgeschnidden.
Chrëschtdag 1958 gouf déi éischte Kéier Kino am Musekssall gespillt a fir 10 Joer gouf et bal all Woch eng Virstellung, bis ëmmer méi Leit ë Fernseh haten an et sech doduerch net méi rentéiert huet.
1972 gouf de Musekssall ëmgebaut a gouf du net nëmmen vun der Musek als Proufsall genotzt, mee och fir Festivitéiten a gouf och deenen anere Käercher Veräiner fir hir Fester zur Verfügung gestallt.
Fir Chrëschtdag 1975 gouf déi éischte Kéier „Flash-Musek“ opgefouert a „Flash-Musek“ gouf et du fir eng Rei Joren. Et war deemools dat, wat mir haut ë Galaconcert nennen. Doraus ass duerno d‘ „Journée de la Fanfare“ entstanen.
1977, den 18. Abrëll huet d’Musek hier Sall zu Käerch fir ee Frang un d’Gemeng verkaaft.
1978 huet d’Musek eng weider Kéier zesumme mam Gesank en Anniversaire gefeiert (75 Joer Musek a 35 Joer Gesank), nodeems se schonn 1976 a 1977 ë gemeinsame Concert fir Mammendag ginn hunn. D’Zesummenaarbecht mam Gesank huet do awer net opgehalen, de Gesank huet d’Musek bei 2 Galaconcerten an de leschte Joren ënnerstëtzt.
1978 ass dunn déi éischt „Journée de la Fanfare“ ofgehale gi mat Concert, Kaffi a Kuch an och alt engem Krëppespill am Musekssall op Stiefesdag. Dat Fest ass agestallt ginn, wëll et iergendwann einfach demodéiert war an ëmmer méi Leit méi mobil gi sinn an iwwer d’Chrëschtdeeg fortgefuer sinn an och aneren Aktivitéiten nogaange sinn.
Fir Ouschteren 1981 huet d’Musek op Initiativ vum Franz Schmit, deen och d’Regie iwwerholl huet, erëm ugefaangen Theater ze spillen. Dat éischt Theaterstéck nodeems d’Musek erëm nei mat Theaterspillen ugefaangen huet, war iwwregens „De Maulkuerf“ a vill schéi Stecker si nokomm. Enner anerem „D’Jongesellekëscht“ vum Alain Atten, deen ausgangs der 50er Joren zu Käerch fir verschidden historesch Theateropféierungen am Schlass verantwortlech war. Awer och extra Opféierungen fir besonnesch Geleeënheeten, wéi „D’Meedche vu Gëtzen“ zesumme mam Club des Jeunes vu Käerch fir d’250 Joer Feier vun der Käercher Kierch, d’Operetten „De Scholdschäin“ vum Dicks oder „D’Joffer Marie-Madeleine“ vum Beicht 1989 fir 150 Joer Onofhängegkeet – dat Stéck ass iwwregens och zu Chrëschtdag 1917 gespillt ginn.
1982 gouf dunn dat éischt Grillfest oder och Päischtfest vun der Musek organiséiert, fir d’éischt a Schaanen hirem Haff, duerno op der Gemengeplaz. Ë Fest, wat sech lues a lues zur Traditioun entwéckelt huet a fir laang Joren gutt besicht war. Duerno huet d’Musek sech dunn op ë neit Fest konzentréiert, nämlech de Mullendag.
Doniewent huet d’Musek awer och fir eng kuerz Zäit zesumme mam FC Käerch d’Schlassfest erëm opliewe gelooss, huet fir eng Rei vu Joren ë Bal fir déi Leit iwwer 33 Joer organiséiert.
D’Musek hat, niewent Concerten zu Lëtzebuerg, an der Belsch oder an Däitschland, Holland, awer och gréisser Concertsreesen an Italien, z.B. fir den 100ten Anniversaire vun dem „Corpo Bandistico Vincenzo Bellini di Povolaro“ an Italien, a Südtiroul oder zu St. Ulrich an den Dolomiten, wou op Vermëttlung vum eemoleg Käercher Dechen, Fons Lichter, ë Concert virun 500 Leit gespillt konnt ginn.
Zwou grouss Feierlechkeeten, wou d’Musek ganz aktiv bedeelegt war, waren d’Feierlechkeeten fir 150Joër Onofhängegkeet (1989) an 250 Joer Käercher Kierch (1997 mat Feierlechkeeten vun Oktober 1997 – Oktober 1998).
Am Mee 1997 huet d’Musek och hiren alleréischte Jummdeckel erausginn. Deen ass awer just ë puermol erschéngen an dunn erëm agestallt ginn. Am Abrëll 2004 ass de Jummdeckel dunn erëm an d’Liewe geruff ginn an ass bis Dezember 2018 reegelméisseg erauskomm.
2003 huet d’Musek dunn hiren 100ten Anniversaire gefeiert, dat am éischter klenge Krees, mat Concerten vun der Simmer Musek, déi mir als Nopeschmusek agelueden hunn an der Harmonie Eich, mat där mir ë gudde Kontakt haten, wëll verschidde vun hire Musikanten alt emol bei eis ausgehollef hunn, wéi mir och bei hinnen a mat deene mer fir ë puer Joer konnten un der Schlussprëssessioun deelhuelen.
2007 konnten d’Käercher Musek an hier Theaterequipe zesumme mam Käercher Fussball a mam Käercher Gesank am Kader vu „75 Joer Käercher Musek“ ë Pir-Kremer-Owend zu Giewel a Breiesch hirer Scheier ofhalen. Dat ware Gedichter an Texter vum Pir Kremer (ë Käercher Jong, dee souwuel am Fussball wéi och an der Musek war), déi de Paul Christoph als eng Aart zesummenhänkend Theaterstéck mat Musek, Gesank, am Stil vum Pier Kremer sengem „Stamminet“, geschriwwen hat. Ë ganz witzege Bestanddeel vum Owend war ë Film wou dem Pier Kremer säin onvergiessleche Fussballmatch „FC Schinnegebees géint Sportveräin Flappech“, gespillt vun de d’Musikanten zesumme mat verschidde Fussballspiller aus der Härenequipe an eemolege Memberen vum Käercher Fussball, verfilmt gouf.
2015 huet d’Musek zesumme mat der Musek vu Klengbetten un der Parade fir Nationalfeierdag an der Stad deelgeholl.
Säit ville Joren ginn d’Kanner (oder och Erwuessener) aus der Gemeng Käerch fir de Solfège an d’UGDA-Museksschoul. Bis dohinner hunn d’meeschtens déi jeeweileg Dirigenten dë Solfège an d’Instrumentecoure gehalen. Dee leschten Dirigent, dee béid Coure gehalen huet, war dë Franz Schmit, duerno huet säi Nofolger Gilles Cabos nach ë puer Instrumentecoure gehalen, bis dat ganzt iwwer d’UGDA an Zesummenaarbecht mat der Gemeng organiséiert gouf.
Zanter enger Rei vu Joren stinn eis Concerten ënnert engem bestëmmte Motto a ganz besonnesch un eisem Galaconcert ass, dass mir déi traditionell Uso vun de Stecker, op Ureegung vun eisem deemolegen Dirigent Romain Ries a senger Fra, duerch ë klenge Sketch oder Theaterspill ersat hunn. Dat Theaterspill passt all Kéier zum Thema, gëtt vu Memberen aus der Musek geschriwwen a vun ënnerschiddleche Leit aus eiser Theaterequipe oder och alt emol vun engem anere Veräin gespillt.
Hei en Originalzitat vum Pir Kremer aus der Broschür vum 50. Anniversaire vun der Musek geschriwwen:
«Wann een zréck kuckt op hiert laangt Veräinsliewen da kann ee roueg dat hei soen:
D’Kaercher Musek war an ass e Stéck vum Duerf.
D’Kaercher Musek war an ass nach ëmmer do fir d’Duerf.
D’Kaercher Musek war an se ass nach ëmmer um Dill bei allen kierchlechen a weltlechen Feierlechkeeten.
D’Kaercher Musek war nach ëmmer an se ass och nach haut dat wat se soll sinn: Eng Duerfmusek, déi Gesellegkeet, Freed a Kultur an d’Duerf bréngt … An dat hoffentlech nach laang.»