IWWER EIS


Hues du Freed un der Musek?
Spills du een Instrument mee eleng mécht et kee Spaass?
Da komm an d’Käercher Jugendmusek!
Ab 19. September 2024 prouwe mir all Donneschdeg vun 18h00-19h00 zu Giewel am Musekssall. Kontaktéier eis einfach per Telefon (621-32 48 16) oder E-mail op info@kaerchermusek.lu

Tu aimes la musique ?
Tu joues un instrument mais ce n’est pas amusant tout seul ?
Alors viens rejoindre la Fanfare des jeunes à Koerich
(Käercher Jugendmusek) !
A partir du 19 septembre 2024, nous répétons tous les jeudis de 18h00 à 19h00 dans la salle de musique à Goeblange.
Contacte-nous simplement par téléphone (621-32 48 16) ou par e-mail à info@kaerchermusek.lu

D’Käercher Musek ass elo och op Facebook

 


Eis Käercher Musek ass 1903 an engem geschichtsträchtege Joer gegrënnt ginn. 1907 huet d’Musek déi éischte Kéier Theater gespillt, an dëse gehéiert haut zanter méi wéi 30 Joer erëm bei eis zum feste Programm. 1934 gouf de Grondsteen fir de Musekssall geluecht, den vun der Musek selwer gebaut ass ginn an den säit 1977 der Gemeng gehéiert.
Am Mee 1997 huet d’Musek och hier alleréischt Zäitschrëft, den Jumdeckel erausginn, den bis Dezember 2018 erauskomm ass. Zanter enger Rei vu Joren stinn eis Concerten ënnert engem bestëmmte Motto a ganz besonnesch un eisem Galaconcert ass, dass mir déi traditionell Uso vun de Stecker, duerch ë klenge Sketch oder Theaterspill ersat hunn, den all Kéier zum Thema passt.

wëllt dir méi iwwert Käercher Musek vun 1903 bis haut gewuer ginn

Agenda

Hei eis nächst Veranstaltungen.

Alleguer eis Evenementer mat Méiglechkeet si an äre Kalenner ze importéieren fannt dir hei

Mass fir Cäeciliendag

Mass fir Cäeciliendag

Kierch, Kirche
Koerich, 8385 Luxemburg
+ Google Karte

Mass fir Cäeciliendag

Méi gewuer ginn »
24 November
Niklosmaart

Niklosmaart

Greiweschlass, Château de Koerich
Koerich, 8385 Luxembourg
+ Google Karte
29 November
Gëtzener Kiermes (Hämmelsmarsch)
30 November

Aktuelles

alleguer eis Neiegkeeten fannt dir hei


  • Hämmelsmarsch Editioun 2024 12-10-2024 D‘Käercher Musek war haut de ganzen Dag zu Käerch, Giewel an um Wandhaff ënnerwee fir den Hämmelsmarsch 🎶🎵
  • 2. Editioun vu „Concerts am Schlass“ 4-06-2023 Och eis 2. Editioun vu „Concerts am Schlass“ hat ee grousse Succès! Merci u jiddereen dee bei eis laanscht komm ass bei deem esou gudde Wieder E grousse Merci un Nojemer Musik an Musik Préizerdaul fir hir super Concerten mat deenen se fir Stëmmung gesuergt hun
  • Adventsconcert zu Kielen 23-12-2022 Fir déi wou eis 2 Concerten verpasst hun, hei ee klenge Matschnëtt vun eisem Concert vum 10.12.2022 zu Käerch an der Kierch ☺️ Folgend Lidder sinn ze héiren: • Aventura • Stairway to heaven • The polar express • Greensleeves Dirigéiert vum Romain Ries Presentéiert vum John Schummer Vill Spass beim lauschteren 😊 Och een …
  • Gëtzener Kiirmes 29. November 2020 8-04-2021 Dë 29. November (2020) ass Kiirmes zu Gëtzen (a gläichzäiteg feierë mer och dën 1ten Advent). Wat ass eigentlech eng Kiirmes? Haut denke mer dobäi u Knuppautën, Nougat, Schéissbuden, Schueberfouer a natiirlech och un den Hämmelsmarsch. Am ursprenglechë Sënn ass d’Kiirmes d’Fest vun der Aweiung vun der Kiirch. An der däitscher Sprooch erkenne mer dat …
  • Hämmelsmarsch 19-11-2020 Wéi déif d’Traditioun vum Hämmelsmarsch an der Kultur vun eisem Land verankert ass, gesi mer dorunner, dass an der Stad um Roude Pëtz eng Hämmelsmarsch-Skulptur opgestallt ass, déi 1982 zur Ouverture vun der 642. Schueberfouer ageweit gouf. Wou d’Melodie vum Hämmelsmarsch -déi ursprenglech glad a guer näischt matt Hämmel zë dinn hat- hier kënnt a …