Adventsconcert zu Kielen

Fir déi wou eis 2 Concerten verpasst hun, hei ee klenge Matschnëtt vun eisem Concert vum 10.12.2022 zu Käerch an der Kierch ☺️
Folgend Lidder sinn ze héiren:
• Aventura
• Stairway to heaven
• The polar express
• Greensleeves
Dirigéiert vum Romain Ries
Presentéiert vum John Schummer
Vill Spass beim lauschteren 😊
Och een grousse Merci un Fanfare Kehlen fir déi läscht Wochen wou mir zesummen geprouft an gelaacht hun 🤩


Gëtzener Kiirmes 29. November 2020

Dë 29. November (2020) ass Kiirmes zu Gëtzen (a gläichzäiteg feierë mer och dën 1ten Advent). Wat ass eigentlech eng Kiirmes? Haut denke mer dobäi u Knuppautën, Nougat, Schéissbuden, Schueberfouer a natiirlech och un den Hämmelsmarsch. Am ursprenglechë Sënn ass d’Kiirmes d’Fest vun der Aweiung vun der Kiirch. An der däitscher Sprooch erkenne mer dat nach méi däitlech aus dem Ausdrock „Kirchweihtag“. Jiddfer Kiirch huet een oder méi Schutzpatréiner an esou ëm deenen hieren Dag, d’meeschtëns dee Sonndeg virdrun oder duerno, gëtt och d’Kiirmes gefeiert. D’Patréinesch vun der Gëtzener Kiirch ass d’helleg Barbara. Allerdings sou richteg sinn d’Soën iwer si nit nozëweisen. Trotzdem gëtt si vun dë Leit an an der Vollekstraditioun veréiert. Si gehéiert zu dene 14 „Nothelfer“ an ass nit nëmmen d’Schutzpatréinesch vun eiser Gëtzener Kiirch, mee och vun dë Biergleit a Pompjeeën. Fir hieren Dag, deen op dë 4. Dezember ass, gëtt ët ë schéine Brauch, dee wuel op d’17 Jh. zreckgeet. Den Dag schneit ee Sträich vu Forsythien, Äppel- oder Kiischtebeem a stëllt déi an enger Vase an déi waarm Stuff oder Kichen. Fir Chrëschtdag fänken déi Sträich dann u matt bléien.

Weider Infoen zur Traditioun vum Hämmelsmarsch fannt Dir hei!

Hämmelsmarsch

Wéi déif d’Traditioun vum Hämmelsmarsch an der Kultur vun eisem Land verankert ass, gesi mer dorunner, dass an der Stad um Roude Pëtz eng Hämmelsmarsch-Skulptur opgestallt ass, déi 1982 zur Ouverture vun der 642. Schueberfouer ageweit gouf.

Wou d’Melodie vum Hämmelsmarsch -déi ursprenglech glad a guer näischt matt Hämmel zë dinn hat- hier kënnt a wéi al déi genee ass, ass haut nit méi nozëvollzéien. Verschiddë Quellë schwätzë vum 17. Jh., mee vläicht ass së jo nach méi al. Së gouf op jiddfer Fall iwwer d’Zäit vu Generatioun zu Generatioun weider ginn bis am 19. Jh. dë Michel Lentz dën Text, dee mir haut kennen, geschriwen huet. Niewent dëm bekannten Titel „Hämmelsmarsch“ fannë mer dat Lidd dacks och ënnert dem Numm „D’Schuebermëss“.

Ët gëtt awer och nach ën aneren Text aus dem 19. Jh., dee vum Jean-François Gangler staammt an haut esou gutt ewéi vergiess ass. Ët fënd een ë nach an ale Gesangsbicher a vläicht sinn och nach eenzel Gesangsveräiner bei deenen dëssen Text nach lieweg ass. Hei just dën éischten an zweete Vers vun insgesamt 6 vun där Versioun (an originaler Schreiwweis):

Den Hèmmelsmarsch

Den Hèmmelsmarsch, den ass ons alleguor bekannt,
Gedro’n a gebuor’n am Letzebuerger Land,
En huot och scho geschalt am Friéme sengem O’r,
Dén séch mol font bei ons hei op der Schuoberfo’r.
Ass dat net wo’r?

Op Kirmessdag, wan en de Kaffemuorgens drénkt,
dan heert mer fu fèrn, dat d’Musék entzwo klénkt,
Mam Hammel kommen s’un foll Flètschenn a foll Bènn,
Op séngem fètte Pèlz, Kokarden one Enn.
Gelêt fum Menn.

Hei déi éischt Stroph vum Michel Lentz sengem Text an am Video fannt Dir déi passend Melodie dozou:

´T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
´T jäitzt eng Clarnett an’t brommt eng schaddreg Baass,
An d’Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;
An d’Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d’Musek as, déi spillt sou lëschteg d’Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.


Fotoen vun der Käercher Kiirmes

Mir prouwe zu Käerch am Schlass

Obwuel den Coronavirus eisen Alldag nach emmer am Grëff huet, fennt dat gesellschaftlecht an och kulturellt Liewen rem lues a lues statt. Dowéinst fänkt d’Käercher Musek och haut mat den Museksprouwen un!
Fir dass dëst awer ënnert den aktuellen Recommandatiounen vun der Regierung oofleeft, prouwe mir zu Käerch am Schlass. Also nët wonneren, wann dir Musek aus déier Richtung héiert.

Theater Käercher Musek: „Männer am Hierscht“.

Eng gutt Hand hat eis Theater Equipe wéi si sech entscheet hunn, d’Stéck „Männer am Hierscht“ vum Bernd Kietzke (iwwersat vum Romain Pierrot), op der Bühn am Festsall zu Käerch ze presentéieren.

Et ass vill gelaacht ginn. Et huet een den Acteure d’Spielfreed ugesinn. Véier Mol stoungen si op der Bühn.

D’Publikum huet sech gutt amuséiert matt de Schicksalsgenossen, déi doheem erausgeflu sinn a sech hu mussen a miweléierten Zëmmer aquartéieren. Deen ee méi riicht eraus, de Buschauffer Charel (Nico Blitgen), do kennt et méi vun der Long op d’Zong an den Tristan (Yannick Hoffmann) leet seng Wierder éischter op d’Wo an ass méi op Harmonie beduecht. Dozou nach dën Här vum Haus, den Heng (Marcel Jost), dem ët och nit vill besser geet wéi denen zwéin Hausgäscht. Am Haus liewt nach d’Berta (Marie-Jeanne Gengler), d’Fra vum Haus, déi d’Box un huet an hier Duechter d’Liette (Jessica Fernandez), wat wees wat hatt wëll a sech gutt doduerch schléit. Dë Bréifdréier Jean Colis, genannt Stempel (Sven Jung) huet ën A op dat jongt Meedche geworf a muss matt allen Trickë géint der Mamm hiere Widerstand ukämpfen. Fir da schlussendlech alles an Opreegung zë brengen tauchen och nach dem Charel am Tristan hier Ex-Fraën Constance (Nessy Scherer) an Irina (Kamila Drouet) matt hierer Scheedungsaffekotin Vera Trenner (Sandy Stoltz) op. Ët gëtt ë schéinen Duergerneen an ën iwerraschendë Schluss.

Geflüstert huet d’Christiane Steffes, d’Regie loug an dën Hänn vum Huguette Lang a Jean Wirion.

Jeff Nothum

Photoen „Männer am Hierscht“

D’Käercher Musek geet an d’Summerpaus…

… well elo sinn eis Musikante midd genuch.

No enger gudder Saison mat verschiddene Manifestatiounen, deem eng oder anere Cortège an engem gelongene Galaconcert, gëtt et Zäit Loft ze huelen an sech e bëssen auszerouen.
Mee et wäert net vu laanger Dauer sinn. Den 13. September spille mir schonn erëm op der Ouverture vum Käercher Schlass an hu vläicht e puer Iwwerraschunge parat.

Op dësem Wee wëlle mir nach eemol jidderengem Merci soen. Natierlech de Musikanten, mee besonnesch och deenen, déi eis dat ganzt Joer iwwer ëmmer fräiwëlleg ënnerstëtzt a gehollef hunn. Et sinn der ze vill, fir eenzel ze ernimmen.

A fir dass dat déi nächst Saison erëm esou gutt klappt, wënsche mir Iech all eng erhuelsam Summerpaus.