Wéi déif d’Traditioun vum Hämmelsmarsch an der Kultur vun eisem Land verankert ass, gesi mer dorunner, dass an der Stad um Roude Pëtz eng Hämmelsmarsch-Skulptur opgestallt ass, déi 1982 zur Ouverture vun der 642. Schueberfouer ageweit gouf.
Wou d’Melodie vum Hämmelsmarsch -déi ursprenglech glad a guer näischt matt Hämmel zë dinn hat- hier kënnt a wéi al déi genee ass, ass haut nit méi nozëvollzéien. Verschiddë Quellë schwätzë vum 17. Jh., mee vläicht ass së jo nach méi al. Së gouf op jiddfer Fall iwwer d’Zäit vu Generatioun zu Generatioun weider ginn bis am 19. Jh. dë Michel Lentz dën Text, dee mir haut kennen, geschriwen huet. Niewent dëm bekannten Titel „Hämmelsmarsch“ fannë mer dat Lidd dacks och ënnert dem Numm „D’Schuebermëss“.
Ët gëtt awer och nach ën aneren Text aus dem 19. Jh., dee vum Jean-François Gangler staammt an haut esou gutt ewéi vergiess ass. Ët fënd een ë nach an ale Gesangsbicher a vläicht sinn och nach eenzel Gesangsveräiner bei deenen dëssen Text nach lieweg ass. Hei just dën éischten an zweete Vers vun insgesamt 6 vun där Versioun (an originaler Schreiwweis):
Den Hèmmelsmarsch
Den Hèmmelsmarsch, den ass ons alleguor bekannt,
Gedro’n a gebuor’n am Letzebuerger Land,
En huot och scho geschalt am Friéme sengem O’r,
Dén séch mol font bei ons hei op der Schuoberfo’r.
Ass dat net wo’r?
Op Kirmessdag, wan en de Kaffemuorgens drénkt,
dan heert mer fu fèrn, dat d’Musék entzwo klénkt,
Mam Hammel kommen s’un foll Flètschenn a foll Bènn,
Op séngem fètte Pèlz, Kokarden one Enn.
Gelêt fum Menn.
Hei déi éischt Stroph vum Michel Lentz sengem Text an am Video fannt Dir déi passend Melodie dozou:
´T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
´T jäitzt eng Clarnett an’t brommt eng schaddreg Baass,
An d’Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;
An d’Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d’Musek as, déi spillt sou lëschteg d’Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.