Dë 29. November (2020) ass Kiirmes zu Gëtzen (a gläichzäiteg feierë mer och dën 1ten Advent). Wat ass eigentlech eng Kiirmes? Haut denke mer dobäi u Knuppautën, Nougat, Schéissbuden, Schueberfouer a natiirlech och un den Hämmelsmarsch. Am ursprenglechë Sënn ass d’Kiirmes d’Fest vun der Aweiung vun der Kiirch. An der däitscher Sprooch erkenne mer dat nach méi däitlech aus dem Ausdrock „Kirchweihtag“. Jiddfer Kiirch huet een oder méi Schutzpatréiner an esou ëm deenen hieren Dag, d’meeschtëns dee Sonndeg virdrun oder duerno, gëtt och d’Kiirmes gefeiert. D’Patréinesch vun der Gëtzener Kiirch ass d’helleg Barbara. Allerdings sou richteg sinn d’Soën iwer si nit nozëweisen. Trotzdem gëtt si vun dë Leit an an der Vollekstraditioun veréiert. Si gehéiert zu dene 14 „Nothelfer“ an ass nit nëmmen d’Schutzpatréinesch vun eiser Gëtzener Kiirch, mee och vun dë Biergleit a Pompjeeën. Fir hieren Dag, deen op dë 4. Dezember ass, gëtt ët ë schéine Brauch, dee wuel op d’17 Jh. zreckgeet. Den Dag schneit ee Sträich vu Forsythien, Äppel- oder Kiischtebeem a stëllt déi an enger Vase an déi waarm Stuff oder Kichen. Fir Chrëschtdag fänken déi Sträich dann u matt bléien.
Weider Infoen zur Traditioun vum Hämmelsmarsch fannt Dir hei!