Aktuelles

alleguer eis Neiegkeeten fannt dir hei


  • Gëtzener Kiirmes 29. November 2020 8-04-2021 Dë 29. November (2020) ass Kiirmes zu Gëtzen (a gläichzäiteg feierë mer och dën 1ten Advent). Wat ass eigentlech eng Kiirmes? Haut denke mer dobäi u Knuppautën, Nougat, Schéissbuden, Schueberfouer a natiirlech och un den Hämmelsmarsch. Am ursprenglechë Sënn ass d’Kiirmes d’Fest vun der Aweiung vun der Kiirch. An der däitscher Sprooch erkenne mer dat …
  • Hämmelsmarsch 19-11-2020 Wéi déif d’Traditioun vum Hämmelsmarsch an der Kultur vun eisem Land verankert ass, gesi mer dorunner, dass an der Stad um Roude Pëtz eng Hämmelsmarsch-Skulptur opgestallt ass, déi 1982 zur Ouverture vun der 642. Schueberfouer ageweit gouf. Wou d’Melodie vum Hämmelsmarsch -déi ursprenglech glad a guer näischt matt Hämmel zë dinn hat- hier kënnt a …
  • Mir prouwe zu Käerch am Schlass 17-06-2020 Obwuel den Coronavirus eisen Alldag nach emmer am Grëff huet, fennt dat gesellschaftlecht an och kulturellt Liewen rem lues a lues statt. Dowéinst fänkt d’Käercher Musek och haut mat den Museksprouwen un! Fir dass dëst awer ënnert den aktuellen Recommandatiounen vun der Regierung oofleeft, prouwe mir zu Käerch am Schlass. Also nët wonneren, wann dir …
  • Theater Käercher Musek: „Männer am Hierscht“. 22-11-2019 Eng gutt Hand hat eis Theater Equipe wéi si sech entscheet hunn, d’Stéck „Männer am Hierscht“ vum Bernd Kietzke (iwwersat vum Romain Pierrot), op der Bühn am Festsall zu Käerch ze presentéieren. Et ass vill gelaacht ginn. Et huet een den Acteure d’Spielfreed ugesinn. Véier Mol stoungen si op der Bühn. D’Publikum huet sech gutt …
  • Offiziell Aweiungsfeierlechkeeten vum Käercher Schlass den 13. September 2019 16-09-2019 D’Fotoen vun den offiziellen Aweiungsfeierlechkeeten vum Käercher Schlass den 13. September 2019 fannt dir hei. Aaneren Artikel Oeuvre Musicale: «Château de Koerich» vum Jeff Nothum op mywort.lu Artikel «Eng musikalesch Hommage un d’Schlass»: